Resultater vum 14. a 15.09.24

16th September 2024

club logo

Entente Feulen-Grevels-Heiderscheid

Fotograféiert vum Entente

image
image
image

Déi grouss Vakanz geet op en Ënn an domat fänke Matcher nees lues a lues un.

Wärend de Match vun de Fillettes huet misste verluecht ginn, well de Géigner verhënnert war, hunn d’Jeunes Filles hiren 1. Championnat-Match gespillt: zu Feelen gewanne si Forfait 3-0 géint Dikrech. De Match ass awer gespillt ginn, mam inoffiziellen Endresultat 4-2 fir eis.

Poussins hunn de Samschdeg Frëndschaftsmatcher gespillt : esouwuel géint Mäerzeg ewéi och géint Miersch goufen et 2 kloer Victoirë.

Minimes gewannen an engem spilleresch a kämpferesch ganz flotte Match duerch eng gutt kollektiv Leeschtung 6-1 géint Useldeng.
 
Ons Scolaires haten, no 3 Victoirë’en an de Präparatiounsmatcher, ee méi schwéiere Stand géint d’Entente Colmar/Schieren. Géint een technesch a kierperlech iwwerleeëne Géigner gouf et zu Colmer eng 7-1 Néierlag. Elo heescht et, aus deem Match ze léieren an de nächste Samschdeg dat besser ze maachen.

Cadets gewannen an engem ganz intensive Match 3-2 géint onsen Noper Mäerzeg.