Resultater vum 5. a 6.10.24

7th October 2024

club logo

Entente Feulen-Grevels-Heiderscheid

Bambinis waren de Samschdeg zu Wëntger: Kanner hu super gespillt an och hier éischt Goler geschoss, si hu gutt hannen obgepasst an hate hire Spaass.

Pupilles I waren zu Harel am Asaz: si hu leider knapps 7-6 verluer. Mir haten eis Chancë mee de Ball wollt net ran. D’Jonge ware schnell 0-2 vir, mee hunn dono geschlof a schnell war et 4-2 fir d’Heemekipp. D‘Spiller hunn sech dunn nees gerappt a konnte schnell op 6-6 kommen. Leider ass am leschten Drëttel de 7-6 gefall.

Pupilles II waren zu Biekerech géint den Atertdaul III am Asaz:  si hunn de Ball ganz gutt lafe gelooss, ëm all Ball gekämpft. Um Enn hu mir 2-15 gewonn.

Fillettes hunn zu Mamer 5-12 gewonn. De Géigner war ons kierperlech ënnerleeën, mee huet spilleresch phaseweis bessere Fussball gespillt wéi mir.

Poussins I hunn ee gudde Match géint ENT Schieren/Colmarbierg gespillt a 4-8 gewonn: kollektiv war et ganz gutt an jiddereen huet seng Roll fir d‘Ekipp gutt erfëllt.
 
Poussins II waren zu Bissen am Asaz an hunn no engem flotten an engagéierte Match an de Schlussminutte ganz onglécklech mat 4-2 verluer. No engem gudde Start an de Match hunn d'Jongen et verpasst sech vir hir gutt Leeschtung ze belounen an hir Chancen a Goler ëmzewandelen. Eise Géigner war haut leider méi effizient an huet hir wéineg Chancen äiskal genotzt.  Um Enn steet eng gutt Ekippenleeschtung op déi mer kennen opbaue vir déi nächst Wochen.

Eis Minimes l spille géint ee gutt agestallte Géigner 0-0. Et war een ausgeglachene Match wou um Enn ee Gläichspill dat gerecht Resultat war. De Match huet eis gewise wat mir nach musse verbesseren.

Minimes II hunn zu Greiwels géint Housen gespillt a mir hu leider net gutt gespillt a ware leeferisch komplett ënnerleeën an hunn zimmlech héich verluer! Nächst Woch geet et besser.

Scolaires gewannen de Samschdeg mat 1-0 géint eng staark Equipe vun Dikrich. De Géigner huet alles probéiert, mee déi Dikkricher koumen net laanscht eis Jongen déi bis zum Schluss gekämpft hunn an d'Null gehal hunn. Mat dësen 3 Punkte war et ee grousse Schratt Richtung Opstig. De Samschdeg gëtt dann zu Ierpeldeng fir den Opstig an déi 3. Klass gespillt.

Cadets hunn hiren Heemmatch géint Rammerech um Enn 3-2 gewonn: no engem 0-2 Réckstand hu Spillerësch duerch hier kämpferesch Astellung den Derby schlussendlech awer nach gewonn.

 

image
image
image
+6
image