Resultater vum 12. a 13.10.24

14th October 2024

club logo

Entente Feulen-Grevels-Heiderscheid

Bambini hunn zu Housen an zu Ierpeldeng gespillt. Zu Housen hunn si sech ganz gutt dru ginn an och ganz gutt gespillt. De Bilan hei ass: ee Match gewonn, ee gläich gespillt an ee verluer.
Zu Ierpeldeng konnt zwar kee Match gewonne ginn, mee si hunn awer gutt matgespillt a schéi Goler geschoss, weider esou Jongen!

Pupilles I  hu géint Dikrech 8-5 verluer: d‘Jongen hu gutt verteidegt a gutt gekämpft. E puer Chance hunn si awer leiegelooss, mee am Groussen a Ganzen huet d’Ekipp eng gutt Leeschtung gewisen. Pupilles II  haten et mat Ettelbréck ze dinn wou mir déi 2 /3 ganz gutt matgehal hunn . Am leschten Drëttel sinn eis Kräften ausgaang an esou hu mir 4-11 verluer. Kanner hunn sech awer gutt dru ginn a gewisen, dat si mathalen a kämpfe bis de Match eriwwer ass .

Fillettes gewannen och hire 4. Match vun der Saison: zu Useldeng stoung et um Enn 4-9 fir d’ENT Feelen-Gréiwels-Heischent-Mäerzeg.  Mat 2 Spillerinnen déi hiren 1. Match bei de Fillettes gespillt hunn, huet d’Ekipp eng ganz gutt Leeschtung gewisen. Goler goufen deelweis schéin erausgespillt an dat wat am Training geüübt gouf, gouf ëmgesat.

Bei de Poussins goufen et 2 Victoirë:
11-2 géint Housen a 9-3 géint d'Entente Atertdaul.

Eis Minimes I ware fir de leschte Match vun der 1. Serie bei eisen Nopere vu Rammerech invitéiert. Nodeems mir eis am Ufank nach schwéier gedoen hunn mam Spillopbau an och nach keng Chance  hate beim Ofschloss sou huet sech dat am Laf vum Match awer gebessert a mir hunn zum Schluss verdéngt  mat 5-2 gewonn. Domat gewanne mir net nëmmen den Derby mee schléissen den 1. Tour als Tabellenéischten of. Stolz op eis Jongen si mir alleguer… Bravo, weider esou…

Och d‘Minimes II konnten déi éischt Serie mat enger Victoire géint Wolz II ofschléissen. No engem äusgeglachenen an fairem Match waren et eis Jongen a Meedercher, déi hir Chancë besser notze konnten an sech mat 3:1 verdéngt duerchsetze konnten. Weider esou, mir si um richtegen Wee. Remarquabel war awer och déi gutt Schiedsrichterleeschtung!

D’Jeunes Filles verléiere géint Housen 2-3 : et war ee flotten an enke Match. Mat e bësse méi Chance virum géigneresche Gol wär eng Victoire awer dra gewiescht.

Scolaires verléieren hire leschte Match vum 1. Tour mat 2-3 géint den FC 72 Ierpeldeng. Mee:  wéinst der besserer Goldifferenz steige Scolaires an déi 3. Klass op!! D'Jonge si gutt  an de Match komm an haten déi éischt 30 min alles am Grëff a sinn verdéngt mat 2-0 Aféierung gaang, dono hu mer leider 5 min geschlof an da stoung et 2-2. No der Halbzeit si mer net méi richteg an de Match komm a ginn de Match aus der Hand. D'Géigner haten 2 schéi Goler aus der Distanz geschoss wou mer net vill konnte maachen.

Cadets verléiere 1-4 géint Etzella II.

Fotograféiert vum Entente

image
image
image
+4
image