Resultater vum 19. a 20.10.24

21st October 2024

club logo

Entente Feulen-Grevels-Heiderscheid

Bambini hunn zu Feelen an zu Brouch gespillt. Op all de Matcher hunn Kanner hiert Bescht ginn a versicht Goler ze schéissen.

Pupilles I hu 17-6 géint d’Etzella verluer: d‘Jongen hu fir all Ball gekämpft an trotz dem Resultat war et eng gutt Kollektivleeschtung.
Pupilles II  hunn auswäerts géint Miersch III gespillt a kloer mat 3-23 gewonn: si hunn al Ekipp top gespillt a gekämpft an haten Spaass. Et war ee ganz faire Match, esou wéi et och sollt sinn.  

Fillettes hunn 8-2 géint FC Kehlen gewonn. Et ware schéi Momenter dobäi wou de Ball schéin hin an hier gepasst gouf.  

Poussins I hu géint eng staark Ekipp vu Wëntger gespillt. Mir hu gutt dergéint gehal an hunn zum Schluss 5:5 gläichgespillt . D‘Jongen hunn sech gutt op den 1. Kontakt konzentréiert wat dozou bäigedroen huet datt mir deelweis ganz gutt vun hannen d‘Spillt opgebaut hunn a vir séier geféierlech gi sinn.
Poussins II waren haut zu Miersch am Asaz a gewannen héich 1-20 géint d‘Heemekipp. No engem konzentréierten éischten Drëttel war relativ séier kloer a wéi eng Richtung et géif goen. Et war ee Match wou Villes konnt ausprobéiert ginn an d’Ekipp huet dat aktuellt Trainingsthema gutt ëmgesat.

D'Scolaires verléieren de Samschdeg an der Coupe géint den F91 Dudelange mat 0-6. D'Resultat spigelt net genau de Match rëm. D'Jongen hu gutt gekämpft a phaseweis de Ball gutt lafe gelooss a Golchancen erkämpft, mee virum Gol waren si net konsequent genuch. De Géigner huet seng Chancen effektiv genotzt mat Distanzschëss a Kontergoaler. Et war ee flotte Match an eng super Erfarung fir d'Jonge géint soueen Géigner a virun sou villen Leit ze spillen

Ee Merci geet och un de Victor Pinto, deen op der Plaz war fir Photoen ze maachen: https://www.facebook.com/media/set/?vanity=victorpinto17&set=a.917820347065061


D’Jeunes Filles hunn 2 Matcher gespillt de Weekend : géint Wëntger gouf et am Chamipnnatsmatch eng 4-0 Victoire, am Frëndschaftsmatch géint Bissen eng 5-1 Victoire.

Bei de Cadets stoung och Coupe um Programm: leider hunn si de Match géint Wëntger net gewonn. Dei 1. Hallschent war kloer an der Hand vu Wëntger, mee d‘Jongen hu gekämpft a si mat engem 1-1 an Paus gaang. Déi 2. Hallschent war du fir eis. D‘Jongen haten alles ginn, mee leider wollt de Ball net ran. No engem Endstand vun 1-1 ass et dunn an Eelefmeter-Schéisse gaang, wou Wëntger dunn déi glécklech Gewënner waren.

 


image
image
image
+7
image