Resultater vum 2. a 3.11.24
4th November 2024
Entente Feulen-Grevels-Heiderscheid
Fillettes hunn de Samschdeg zu Ell mat 9-3 verluer. Déi 1. 20 Minutte huet d’Ekipp net wierklech an de Match fonnt. De Rescht vum Match hu mir de Ball awer schéi lafe gelooss an hu bis zur leschter Minutt gekämpft. Leider war Ell dës Kéier spilleresch méi staark wei mir.
Pupilles I haten et mat Norden 02 ze dinn: den 1/3 hunn d‘Jongen nach „geschlof“ a sinn an d‘Paus mat 3-0 Réckstand gaang. Am 2/3 hunn si Gaass ginn an hu gutt Aktioune gewisen. Am lëschten Drëttel si mir op 4-4 erukomm, mee well hire Golkipper vill gehal huet, hu mir knapp 6-5 auswäerts verluer. Am grousse Ganze war et awer ee gudde Match vun de Jongen.
Pupillen II hunn doheem géint Bissen III mat 12-4 gewonn. Et war een ausgeglachene Match an et stoung 4-4 nom 2. Drëttel. Am leschten Drëttel hunn d'Jongen dru gegleeft a gekämpft. No engem gudde Laf zum Schluss hunn si sech och belount.
Poussins I sinn haut op ee ganz staarken Géigner vu Baastenduerf getraff wou eis alles ofverlaangt huet.Nodeems d'Jongen sech am Ufank schwéier gedoen hunn an de Match ze fannen a séier hanneloungen, hu si sech zum Schluss hin nach konnte steigeren an hunn dee leschten Drëttel konnte vir sech entscheeden. Um Schluss stoung eng 6-2 Defaite, aus där mir awer kënne vill Positives erauszéien a wou den exemplareschen Ekippegeescht ervirzehiewen ass.
Poussins II hunn de Moien ee gudde Match gespillt géint Medernach II an zum Schluss 4-3 gewonn. D‘Jongen hu gutt zesummegehalen an als Ekipp verteidegt a bei Ballgewënn gutt ëmgeschalt fir zu e puer Spiller vir geféierlech ze ginn… Super! Den Training mécht sech bezuelt.
Minimes hunn et an der Coupe ganz spannend gemaach géint Lëntgen. Nodeems si den Ufank verschlof hunn an zäiteweis mat 4-1 hanne waren, hu si net opginn, ëmmer weider no vir gespillt, Gol fir Gol opgeholl an zum Schluss dach verdéngt mat 5-4 gewonnen… wat ee Match. Lo zielt et aus deem Match eppes léieren a weider gutt trainéieren…
Cadets hunn ee Frëndschaftsmatch géint eng Ekipp vun de „Special Olympics Lëtzebuerg“ gespillt. Hei stoung Resultat net am Vierdergrond, mee de Spaass um Fussball war kloer méi wichteg.