Resultater vum 9. an 10.11.24

11th November 2024

club logo

Entente Feulen-Grevels-Heiderscheid

Fillettes haten et mat Mamer ze dinn an hunn um Enn mat 10-2 gewonnen. Si hu schéi Passe gemaach an dat ëmgesat, wat mir um Training trainéieren.Sie kenne stolz op sech sinn.

Pupilles hu géint eng méi schwaach Ekipp vu Woltz gespillt: d’Jongen hunn dem Géigner keng Chance ginn a vun Ufank un de Ball gutt lafe gelooss a sech vill Chancen erausgespillt. D’Resultat ass deementspriechend dann och méi héich ausgefall.
Den 2. Match huet leider misste verluecht ginn.

D‘Poussins I hunn eng virbildlech Leeschtung gewisen an hunn 11-2 géint Ëlwen gewonn. Et war eng staark Ekippeleeschtung an am Match huet d’Ëmschaltspill vun Defensiv op Offensiv an ëmgedréint super funktionéiert. Doduerch ware mir dacks an der Iwwerzuel wat mir ganz gutt ausgenotzt hunn.

D'Poussins II waren zu Brouch am Asaz an hunn net nëmmen um Terrain eng gutt Leeschtung an Ekippegeescht gewisen, mee och doriwwer eraus ee gutt Bild ofginn.  Wëll de Géigner kuerzfristeg puer Ausfäll ze bekloen hat an sou net méi genuch Spiller zur Verfügung hat vir de Match kennen ze spillen, hu puer Spiller vun eis sech fräiwëlleg dozou bereet erkläert auszehëllefen. Ee flotten a faire Geste, deen an deem Alter net alldeeglech ass, an awer weist, dass d'Jongen verstanen hunn op wat et haut ukoum a wou keen als Verléierer vum Terrain goung haut. De Match konnten eis Jongen zum Schluss 13-4 gewannen.

Eis Minimes I verléieren dësen Samschden hiren 1 ChampionnatsMatch fir dës Saison géint ee staarke Géigner aus dem Atertdall, haaptsächlech deen 1. Drëttel ware mir net am Match. Duerno hu mir ëmmer besser dergéintgehal mee muss een dës Kéier unerkennen dass de Géigner dee Samschden besser war. De Kapp net hänke loosse Jongen, nächste Weekend weise mir rëm dass mir et besser kennen

Minimes II hu 6:1 géint Buurschent verluer. Anescht ewéi d‘Resultat vläicht vermute léist, ware mir déi méi dominant Equipe um Terrain, mee haten, anescht ewéi eis Géigner, keng Réussite virum Gol resp. sinn net laanscht ee ganz staarke géigerechne Goalkeeper komm. Mir hu phaseweis gutt kombinéiert a flott no vir opgebaut, waren awer géint de Ball oft ze naiv an och net bereet den extra Lafwee ze maachen. Mir hunn vill Erkenntnisser fir d‘Zukunft aus dësem Match zéie kënnen.

Scolaires gewannen am Niwwel hiren éischte Match an der 3.Divisioun mat 1-2 zu Wëntger. D'Jongen hu bis zum Schluss alles ginn an hunn sech no enger haarder Trainingswoch belount. Trainere si stolz op hir Leeschtung. Lo gëllt et weider ze schaffe fir di nächst Matcher

Cadets verléiere zu Foulscht mat 3-2 géint d'Entente Rammerech/Pärel/Ell/Préizerdaul,

D’Jeunes Filles hu géint Wolz mat 5-0 gewonn a sinn ganz virbildlech ass Ekipp opgetrueden.

 

Fotograféiert vum Entente

image
image
image
+4
image